Geschicht vum Turnveräin
Am Joer 1971 ass zu Éiter eng nei Schoul mat enger Turnsall gebaut ginn. Et hunn sech 7 Leit zesumme fonnt, an den Aurore Éiter ass gegrënnt ginn. D‘Sektioune ware Minis, Pupilles, an erwuesse Meedercher a Jongen. Fir eis Damë gouf et och eng Sektioun Dames-Ménagères. Dëst ass alles ënnert dem Impuls vun der Madamm an dem Här Schneider entstanen.
Den éischte Comité huet folgend Persounen ëmfaasst: Fernand Schneider (Präsident), Mme. Liliane Sauber-Fis (Sekretärin), Nicolas Kerschenmeyer (Keessier), souwéi Mme. Anny Schneuder-Heiderscheid, Här Paul Havé, Här René Sauber an Här Armand Schmit.
An nëmmen engem hallwe Joer hate mir schonn 140 Memberen am Veräin.
1972 ass déi éischt Soirée gymnique zu Éiter organiséiert ginn.
1973 huet de Veräin un sengem éischte Concours deelgeholl a war och als Ofschloss beim Rallye vu Wolz.
Am Ufank hunn mir Frëndschaftsmatcher organiséiert fir ze kucken op mir schonn e gudden Niveau hätten.Weider Manifestatioune ware Fussballspiller an eng Matinée de Noël.
Bis 1976 waren nëmmen d'Mme Schneider an den Här Schneider Trainer am Veräin. Dat Joer ass dunn d'Lotty Reeff komm, fir eis Meedercher ze trainéieren, an d'Colette Weber-Reding, fir eis Damen ze trainéieren.
1977 hunn mir eis éischt Coupe organiséiert, nämlech d'Coupe Louis Lemogne zu Contern an der Baskethall. Den Aurore huet dës Coupe gewonnen an och d'Championnat Régional.
1973 huet de Sekretär gewiesselt a 1978 de Keessier. 1980 huet de Präsident Här Paul Havé säi Récktrëtt erkläert a säit deem ass de Jos Schmitz Präsident.
1980 hu mir e Comité gegrënnt fir den 10. Anniversaire vum Aurore ze féieren. Am Joer 1981 hu mir verschidde Manifestatiounen organiséiert fir eis 10 Joer ze feieren. Mir haten eng Coupe fir jonk Meedercher, eng Coupe fir Erwuessener genannt "Coupe de la commune de Contern" an e Kannerfest mat Marionettentheater. Mir hunn och un der Sportswoch deelgeholl an als Ofschloss vun de Feierlechkeeten zum 10. Anniversaire hu mir en Zuch mat all de Veräiner aus der Gemeng duerch Duerf Éiter organiséiert. Vun der Gemeng hu mir en Éierewäin als Geschenk krut.
Am Joer 1987 hunn mir mat der Dëschtennis-Sektioun zesummen den "Pinggymsbal" am Centre Culturel zu Moutfort organiséiert. Dëse Bal hunn mir puer Joren zesummen organiséiert.
1989 hunn mir eis éischt Kiermes organiséiert an och dëst war ee groussen Erfolleg. Dat Joer hunn mir och eis lescht Fussballveranstaltung organiséiert.
1990 hunn sech eis Resultater op de Concourse verbessert, sief et beim Championnat National oder beim Concours vum Centre. Mir hunn un ville Concours deelgeholl fir datt eis Turner Erfarunge sammelen a sech mat den anere Veräiner moosse konnten.
1991 si mir mat eiser Soirée Gymnique op Moutfort geplënnert. Hei konnte mir méi Zuschauer begréissen an eis Bün huet sech vergréissert. Dat Joer hunn mir och fir d’éischt mat Beliichtung geschafft, wat et méi flott fir d'Zuschauer gemaach huet. An den éischte Joren huet Nicole Poull déi eenzelen Nummere präsentéiert.
Am Joer 1995 hunn mir decidéiert eise 25. Anniversaire ze féieren. Mir hunn en Organisatiounscomité gegrënnt. Eng Broschüre gouf erstallt an de Veräin huet e Fändel an T-shirten krut. De Festprogramm fir den Anniversaire bestoung aus verschiddene Evenementer: E Gala am Januar, d'Coupe de consolation a Fändelswei am Mäerz, d'Coupe individuelle vun de Pupilles an Erwuessener am Abrëll, a praktesch all Mount en anere Concours. Dëst Joer hunn mir och e Rallye organiséiert, leider huet d'Wieder net matgespillt. Zum Ofschloss vun de 25 Joer hunn mir d'Generalversammlung vun der FLGym bei eis organiséiert, wou mir e chargéierte Programm haten.
Zenter 1995 huele mir och un der Bande dessinée zu Contern deel. An de folgende Jore wor et e bëssi méi roueg. Mir hunn eis op d'Turne konzentréiert, fir eisen Niveau weider ze entwéckelen.
Wéi eis Gemeng eng nei Hal fir de Basket gebaut huet mat der Schoul drun, hu mir d'Gemeng gefrot, ob mir och eng nei Turnhal niewendrun kéinte kréien. Mir hunn eis mat vill Engagement fir dëse Projet agesat an eis gouf versprach, datt den Aurore och en Turnsaal zu Contern op dem Ewent kritt. Mir si mat dem Architekt un d'Plange gaangen, fir aus dem Projet dat Bëscht ze maachen.
Am Joer 2006 war eis éischt Saison an der neier Halle. Duerch déi nei Hall huet de Veräin en groussen Opschwong erlieft. Dat huet eis virun nei Erausfuerderunge gestallt. Mir haten een professionellen Trainer, den Aziz Bouamama, dee mir scho säit 2002 zu Éiter haten. Allerdéngs ass dat net duergaangen. Mir kruten en zweete professionellen Trainer bäi, de Grygorii Misiutin, deen d'Jongen trainéiert huet. Dat ass awer och no 2 weidere Joer net méi durgaangen. Dunn konnte mer och nach d'Yevgenia Burova engagéiere fir de Meedercher ze hëllefen, a sou hu mir ugefaangen, Rhythmisch Sportgymnastik unzebidden.
Well d'Ufuerderungen un d'Turner ëmmer méi héich ginn an all Turner gutt Resultater well erreechen, huet et méi Training gebraucht, fir matzehalen. D'Vertrieder vun de Trainer si bei de Comité komm, fir ëmmer méi Stonnen ze fuerderen. Eisen Turnsall ass zwar grouss, mee et kann een net zesummen Turnen a GR trainéieren, well béid Disziplinne vill Buedem brauchen. Gott sei Dank hu mir nach op Moutfort an déi al Basketshal ausweeche kënnen.
Eis Resultater sinn och esou gutt wéi all Joer besser ginn.
2021 waren et déi éischt Kéier dass eis Jongen d'Coupe de Luxembourg bei den Espoirs gewonnen hunn. Daat Joer hate bei de Jonge souwuel d'Minis ewéi och d'Espoirs all Concourse gewonnen. Eis Adulte bei de Meedecher haten dat Joer och eng 3ten Platz beim Championnat des Sections gemaach.
2021 ass de Veräin 50 Joer al ginn, wat awer bedéngt duerch Corona eréischt 2022 gefeiert ginn ass.
Am Joer 2023 war et dann esou wäit dass d'Adulte bei de Jonge fir d'éischt Landesmeeschter gi sinn.
Haut bidde mir de Leit net nëmmen Turnen fir Meedercher a Jongen un, mee och Rhythmisch Sportsgymnastik, AGG, Ballett, Yoga (scho säit 1982), Pilates an Zumba.












